Publikatioun

Père Johny Geisen – SCJ

Vivre la Parole de Dieu, dans l'espoir d'un monde plus juste, plus humain et plus fraternel.

Léif Frënn vum Pater Johny Geisen, léif Ënnerstëtzer,

Mat vill Freed invitéiert de Grupp Brasilux iech, an all Interesséiert, op d’Buch-Virstellung Samsdes, den 18. Juni 2022 ëm 15.00 Auer am CITIM (Centre d'Information Tiers Monde) 136-138, rue Adolphe Fischer, L-1521 Luxembourg

Et handelt sech heibäi ëm di franséisch Iwwersetzung (mat deels lëtzebuergesch-däitschen Texter) vum brasilianeschen Original iwwer d’Liewe vum Pater Johny Geisen. Dëst Buch gëtt een déiwen Abléck am Johny seng Aarbecht, seng Iwwerzeegungen, seng Manéier fir un d’ Saachen erun ze goen a seng immens Verbonnenheet mam brasilianesche Vollek. Et sinn zum Deel autobiographesch Texter, awer och eng ganz Rei Témoignage vu Frënn a Bekannten.

Oflaf:

  • Expo vu Brasilux iwwer den MCP – Mouvement des Communautés Populaires

  • Video-Message vum Buch-Koordinator a Johny-Frënd Flávio Valdez Martins da Silva

  • Usprooch vu Brasilux & ASTM

  • brasilianesche Patt an Häppercher

  • D’ Buch kann een op der Plaz kafen.

Mir freeën eis, iech op eiser Buch-Virstellung begréissen ze kënnen.

Bestellt äert Exemplar hei online!

Fëllt einfach de Formulaire aus oder maacht äer Commande per E-Mail ënnert der Adresse bestellung@brasilux.lu!