Brasilux

Brasilux - wou Brasilien a Lëtzebuerg zesummekommen

Als Guiden a Scouten hu mir iwwert de Wee vu Camp-Chantieren Brasilien, a besonnesch eise Partner MCP, kennegeléiert. Sou hu mir e klengen Deel vun der schwiereger Realitéit vum Vollek gesinn. Aus dem Erlieften eraus hu mir beschloss, et net nëmme bei punktuelle Projeten ze beloossen, mee en Aarbechtsgrupp zu Lëtzebuerg ze grënnen, fir den MCP och laangfristeg ze ënnerstëtzen: Brasilux war gebuer.

Ee Punkt hu mir Lëtzebuerger a Brasilianer gemeinsam: D’Begéinung mam lëtzebuerger Pater Johny Geisen (SCJ), dee sech iwwer 40 Joer bis zu sengem Doud a Brasilien agesat huet. Vun der éischter Stonn u war hien aktiv um Opbau vum MCP bedeelegt. Duerch säi Wiesen, säin Engagement, a virun allem duerch seng perséinlech Iwwerzeegungen a säi Glawen huet hien e grousse Verdéngscht un der aktueller Orientéierung vun dëser Beweegung.

Mir sinn net déi eenzeg Partner vum MCP: d’ONG’en ASTM (Action Solidarité Tiers Monde), SHR (Solidaresch Hëllef Réiserbann), SAE (Solidaresch Aktioun Eechternach) a partage.lu (fréier Bridderlech Deelen) hu scho jorelaang Kontakter mat hinnen an hu wichteg Projeten dohanne matgedroen.

En Don maachen

Ënnerstëtzt eis Projeten mat engem léiwe Geste op eise Brasilux-Kont bei der Fondation Partage Luxembourg CCPL LU74 1111 1261 0097 0000 mam Vermierk “Brasilux”. Well mir keng eegen Asbl sinn, ass partage.lu sou léif a stellt eis hire Kont zur Verfügung.