Wien ass den MCP?

Ekonomesch a sozial Entwécklung a Brasilien

Brasilien ass bal 3300 mol mi grouss wéi Lëtzebuerg an domatt dat 5. gréisste Land vun der Welt. Wäertvoll Natur, wonnerschéi Plagen, grousse Räichtum u Buedemschätz, kulturell Vielfalt, Fussball-Weltmeeschter… Awer och riiseg Stied mat ville Slums, Aarmut, Aarbechtslosegkeet, Landflucht, Kriminalitéit ...

Fréier waren Haaptakommesquellen Holz, Zocker, Kakao, Kaffi an Tubak. Duerch eng sëllegen Expeditiounen ënnert der portugisescher Kroun, Ofholzen an Usiidlunge si vill Indios aus hirem Liewensraum verdriwwe ginn. Fir déi grouss Lännereien ze bewirtschaften (besonnesch Kaffi- an Zockerrouer-Plantagen) sinn Sklaven aus Afrika importéiert ginn. Opgrond vun dëser Kolonialgeschicht ass nach haut de Räichtum an de Grondbesëtz a Brasilien extrem ongerecht verdeelt. 40% vum Land gehéieren 1% vun der Bevölkerung. D'Groussgrondbesëtzer sinn zum gréissten Deel Nokomme vu Sklavenhändler an Adelegen, déi zu Zäite vum portugisesche Kinnek Lännereien (Latifundien) geschenkt kruten. Vill vun dëse Lännereie leien awer brooch oder ginn guer net benotzt. Dogéint hun 4,8 Millioune Landaarbechter guer keen eegent Land.

Dës ongerecht Strukture besti säit 300 Joer a si schwéier z'änneren. Akommes a Besëtz bleiwe staark mat Hierkonft an Hautfaarw verbonnen. Den industriell geprägte Süden ass dem Norden mat sénge landwirtschaftleche Strukture wäit viraus. D'Sklaverei ass réischt 1888 offiziell ofgeschaaft ginn, kuerz drop gouf nom Stuerz vun der Monarchie d'Republik gegrënnt. D'Nokomme vun de Sklaven (Quilombolas) an den Indios kämpfen nach haut ëm hir Rechter, virun allem fir d'Recht op Grondbesëtz. Well d'Leit um Land keng Perspektiven hunn, wanderen si an di grouss Stied, wou dann ëmmer méi Favelas mat enger ganzer Rei Problemer entstinn. Haut wunne wäit méi wi 80% vun der Bevölkerung an de grousse Stied (São Paulo, Rio de Janeiro, Salvador ...). All drëtte Brasilianer lieft um Existenzminimum.

Den MCP – Mouvement des Communautés Populaires - probéiert, Léisungen fir di villfälteg Problemer vun der aarmer Bevölkerung ze fannen duerch Bewosstsäinsaarbecht a kollektiv Entscheedungen an Aktioune vum Vollek.

  • Sprooch: brasilianesch-portugiesesch (an indigen Dialekter)
  • Haaptstaadt: Brasília
  • Staatsform: Präsidial Bundesrepublik (säit 1988)
  • Bundesstaaten: 26 (& 1 Distrikt)
  • Fläch: iwwer 8.5 Millioune km2 (47% vu Südamerika)
  • Awunnerzuel: ca 210 Milliounen
  • Onofhängegkeet: bis 1822 Kolonie vu Portugal (1825 unerkannt)
  • Relioun: gréisstendeels Chrëschtentum

MCP – Mouvement des Communautés Populaires

Den MCP ass ursprénglech aus der Aarbechterpastoral zur Zäit vun der Militärdiktatur ervirgaangen. Säin Haaptzil ass et d’Grondbedierfnisser an d’Problemer vun de Leit ze erkennen an zesumme Léisungen ze sichen. D’Gemeinschafte funktionéiere basisdemokratesch: all Punkt gëtt diskutéiert bis ee gemeinsame Konsens fonnt ginn ass. Si halen op eng absolut politesch Onofhängegkeet a probéieren, hir Projeten esou wäit wéi méiglech mat eegene Mëttelen ze finanzéieren. Déi rechtlech Entitéit vum MCP heescht ANACOP – Association Nationale d’Appui aux Communautés Populaires.

Den MCP sicht a villen Aarbechtsgruppe gemeinschaftlech Léisungen an de Beräicher:

  • Ekonomescht Iwwerliewen

  • (befreiend) Relioun

  • Famill

  • Gesondheet

  • Wunnen

  • Erzéiung a Bildung

  • Sport

  • Konscht

  • Fräizäitgestaltung

  • Infrastrukturen

Mëttlerweil hunn sech méi wéi 15.000 Leit aus 14 Bundesstaaten an iwwer 50 Gemeinschaften dem MCP ugeschloss. Fir d’Leit nohalteg ze informéieren an iwwer di grouss Distanze mateneen ze vernetzen spillt hir Zeitung “JVC - Jornal Voz das Comunidades” eng ganz wichteg Roll. Den MCP huet awer och eng eege Jugend-Organisatioun, UJP - União da Juventude Popular, wou eng Bewosstsäinsaarbecht vu jonk u geschitt.