Pater Jean Geisen

Originen a Famill 

De Jean Geisen gouf den 11.11.1942 als Jéngsten vu 4 Kanner gebuer. Säi Papp Nicolas Geisen war Lëtzebuerger, séng Mamm Cécile Pierquet war Belsch, dofir hat hien 2 Mammesproochen: lëtzebuergesch a franséisch. Séng eeler Gesëschter waren d’Emma, genannt Mimi, de Georges an de Jean-Pierre.

Ugangs huet d’Famill Geisen am Neiduerf an der Stad gewunnt éier si op Béiweng (Gemeng Réiser) 10 km vun der Stad ewech geplënnert sinn. Hei ass de Johny an d’Primärschoul gaang an huet mat 11 Joer seng Firmung zu Béiweng gemaat. En ale Béiwénger erënnert sech, datt dem Johny séng (francophone) „Mamm eng ganz léif Persoun war, während dem Johny säi Papp éischter „verbruet oder a sech gekéiert“ war.

Nom Doud vu sénger Mamm hat de Johny den engste Kontakt mat sénger grousser Schwëster Mimi, déi hie souguer eng Kéier a Brasilien besicht huet, dëst am héigen Alter. De Johny ass, besonnesch an den éischte Joren, seelen aus Brasilien heemkomm an hat dohir éischter wéineg Kontakt mat der Famill. Well dem Johny séng Geschwëster mëttlerweil all gestuerwe sinn, ass et schwéier, weider Daten vu fréier erauszefannen.

Jugend an Ausbildung

Am Joer 1955 ass de Johny wéi vill aner Lëtzebuerger an d’Internat vun den Herz-Jesu-Pateren op Clairefontaine (an der Belsch) gaangen.

Säi Klassekomerod François Graffé, dee spéider als Herz-Jesu-Pater an de Chile goung an haut a Mexiko lieft, schreift:

„Mir waren 2 Bouwen tëscht 12 an 13 Joer, wéi ons Elteren ons am Internat zu Clairefontaine fir d’Mëttelschoul ageschriwwen hunn mam Gedanken "do studéiere si besser, wéi wann si bestänneg mam Zug oder Tram dorëmmer fueren". Recht hate si, an si waren ëmmer hannert ons, dass mir keng Zäit solle verléieren. Et war heiansdo e bëssen haart, vu mueres bis owes, wat nëmmen ënnerbrach ginn ass an de Pause mat Sport: Fussball, Volley, Basket asw. Eenzelner waren amgaang Musek-Instrumenter ze léieren, aner waren an Theatergruppen. Fräizäit gouf et net vill, souguer an de Vakanzen hate mir Aarbechten ze maachen ... Esou sinn di 7 Joer verlaf. Iwerraschend, wéi vill Kandidaten sech gemellt haten fir an d’Noviziat ze goen. Wat sécher do matgespillt huet: regelméisseg si Missionare laanscht komm mat Filmer iwwer de Belsche Congo, wat eis Jongen ugesprach huet .... Si hunn eis erzielt vun der Entwécklung an der Drëtter Welt…“

Biographie de Jean Geisen (1942 – 2016)

Johny Geisen – Sa vie avant son départ au Brésil (1942-1971)

  • 11.11.1942 naissance à Luxembourg

  • 15.09.1954 confirmation à l’église de Bivange (Luxembourg)

  • 1955-1962 études secondaires à l’Ecole Apostolique des Prêtres du Sacré Coeur de Jésus à Clairefontaine (Belgique)

  • 1962-1963 noviciat dans la Congrégation des Prêtres du Sacré Coeur de Jésus (Dehoniens) à Amiens (3 mois de postulat, 1 année de noviciat)

  • 15.09.1963 première profession religieuse à Amiens (France)

  • 1963-1965 études de philosophie au Séminaire et à l’Université Catholique de Lyon (France)

  • 1965-1966 service militaire (obligatoire) à Luxembourg

  • 1966-1970 études de théologie à l’Université Pontifícale Grégorienne à Rome (Italie)

  • 13.09.1969 professes perpétuelles à Clairefontaine (Belgique)

  • 04.07.1970 ordonné prêtre à la cathédrale de Luxembourg par l’évêque Mgr. Jean Hengen

  • 1970-1971 5 mois (octobre - février) de préparation pour l’Amérique latine au Collège Missionaire à Louvain (Belgique); apprentissage de l’Espagnol, puis du Portugais

Sa vie au Brésil (1971 – 2016)

  • 10.10.1971 départ pour le Nord-Est du Brésil (à l’âge de 28 ans)

  • 11.10.1971 arrivée dans sa 1re paroisse Peixinhos (en train de fêter sa Patronne Nossa Senhora da Ajuda)

  • 1971-2016 travail pastoral et social dans les communautés de base de la périphérie de Récife (avec Dom Hélder Camara), puis de São Lourenço da Mata, Pernambuco; co-fondateur et militant du Mouvement des Communautés Populaires (MCP)

  • 09.11.2016 décès à São Lourenço da Mata

  • 11.11.2016 inhumation au cimetière de São Lourenço da Mata

  • 16.11.2016 messe de funérailles de sa communauté SCJ à Clairefontaine (Belgique)

  • 16.12.2019 A l’unanimité des voix, le Conseil communal de la commune de Roeser donne à l’ancienne rue de la Poste à Bivange la dénomination «rue Johnny Geisen».

Quell: Flávio Valdez Martins da Silva & Marc Hubert (Hrsg.): Père Johny Geisen – SCJ - Vivre la Parole de Dieu, dans l'espoir d'un monde plus juste, plus humain et plus fraternel. Recife/Ettelbruck 2019/2022