Ausstellung

Vill vun iech hunn de Johny a senger Aarbecht a Brasilien ënnerstëtzt, sief et materiell, finanziell oder duerch d’Organisatioun vun Owender wou hien iwwert säi Wierk dohanne schwätze konnt.

De Johny, dee leider virun dräi Joer vun eis gaangen ass, war bis zu Lescht den Ambassadeur vun deene Leit, fir déi hien ee Liewe laang do war. A Brasilien hat hie gehollef den MCP (Mouvement des Communautés Populaires) ze grënnen. Des Bewegung funktionnéiert no de Prinzipie vun der Basisdemokratie an dem deeglech geliefte Chrëschtentum a probéiert esou eng solidaresch a gerecht Welt opzebauen.

Dem Johny seng brasilianesch Frënn leiden den Ament méi wéi jee ënnert dem Drock vun der aktueller Regierung an der sozialer an ekonomescher Kris. Mam Beispill vum Johny sengem bedéngungslosen Asaz geléngt et eise brasilianesche Frënn, déi néideg Kraaft an Energie ze sammele fir mat enger positiver Astellung no vir ze kucken.

Brasilux, dat heescht eng Rei fréier oder nach aktiv Guiden a Scouten, haten d’Geleeënheet, am Kader vu Camps-chantiers (mutirãos), den MCP kennen a schätzen ze léieren. Mir wollten dësen Austausch net verluer goe loossen a probéieren op bescheide Manéier derzou bäizedroen, dass dem Johny seng Cause net vergiess gëtt.

Mir hu fonnt et wier wichteg de Leit an enger éischter Etapp, iwwer de Wee vun enger Ausstellung, bewosst ze maachen wat den MCP a verschiddene Beräicher leescht a wéi mir eis do eventuell kënnen abréngen.

Nächst Etappe vun der Ausstellung

Dëst ass eng Iwwersiicht vun de Plaze wou mir d'Ausstellung virgesinn. Konkret Datumer gi mëttel- oder kuerzfristeg annoncéiert.



Weider Etappen am Horizont

Réckbléck vun den Etappe vun der Ausstellung

Dëst ass eng Iwwersiicht vun de Plaze wou mir d'Ausstellung gewisen hunn.