Kulturellen Owend am Kader vun der Odyssee 2026 vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten den 14. Mäerz um 18 Auer am Sall Lëtschert zu Béiwen/Atert.
Brasilianesche Menu: Caipirinha, Zopp, Haaptplat, Dessert & Kaffi
Präis: 50€ fir Erwuessener, 25€ fir Kanner (<12 Joer)
Umellen bis den 1. Mäerz 2026 via Telefon/SMS bei 621 645 958 no 14 Auer oder via Online-Formulär
Soirée culturelle dans le cadre de l'Odyssee 2026 organisée par les Lëtzebuerger Guiden a Scouten le 14 mars à 18h00 à la Sall Lëtschert à Boevange/Attert.
Menu brésilien : Caipirinha, soupe, plat principal, dessert & café.
Prix : 50 € pour les adultes, 25 € pour les enfants (<12 ans).
Réservation jusqu'au 1 mars 2026 par téléphone/SMS au 621 645 958 après 14h ou via le formulaire en ligne.
D’Branche RaRo (17 bis 23-jähreg) vun de „Lëtzebuerger Guiden a Scouten“ organiséiert an Zesummenaarbecht mam brasilianesche Partner MCP am August 2026 en Entwécklungsprojet am Bundesstaat Bahía.
Et geet drëms, op hiere Wonsch hin, während ca. 3 Wochen op engem Camp-Chantier, mat 50 zumeescht Jonken aus Lëtzebuerg a Brasilien, e Foyer fir eeler Leit ze bauen a beim Relancement vum Jugendssektor UJP ze hëllefen.
Weider Ziler vum Projet:
Ausernanersetzung mat Ongerechtegkeet, Sklaverei, Aarmut, awer och d'Schéinheet vu Brasilien entdecken
Kenneléiere vun engem grousse Mouvement, dee vum lëtzebuerger Pater Jean Geisen (SCJ) matgegrënnt gouf
Zesumme Léisunge sichen, fir déi villfälteg Problemer nohalteg ze léisen
Kenneléiere vu verschiddenen Akteuren aus der Entwécklungshëllef
Kontakt mat brasilianesche Guiden a Scouten
Eis brasilianesch Partner MCP: Den MCP (Movimento das Communidades Populares) an hir Jugendorganisatioun UJP (União da Juventude Popular) versichen, déi villfälteg Problemer nohalteg ze léisen. Si sinn eng autonom Bewegung, wou vill Wäert op Gemeinschaft, Deelen, Bewosstsinnsaarbecht, Participatioun a basisdemokratesch Entscheedunge geluecht gëtt.
de Bau vum Foyer fir eeler Leit: duerch en Don op de Kont LU74 1111 1261 0097 0000 vun der Fondation Partage Luxembourg mam Vermierk “Mutirao 2026”;
d‘Rees an de Camp vun de Jonken: mat engem Don op de Kont LU21 0022 0000 0134 5989 vum Verband Lëtzebuerger Guiden a Scouten ASBL mam Vermierk "Don Brasilien 2026".
Centre Culturel zu Coroatá (MA)
Centre de Formation mat Schoul an Épicerie zu Itambé (PE)